Mat Lëtzebuerger Hëllef: Malta wëll en nohaltegt Mobilitéitskonzept entwéckelen (2024)

D'Insel läit matten am Mëttelmier an ass flächeméisseg gekuckt dat klengst Land an der EU. Grad wéi bei eis, sinn och d'Malteeser op hiren Auto ugewisen.

D'Zuel vun den Awunner geet an d'Luucht an domat och d'Zuel vun den Autoen op der Strooss. De Verkéier wiisst. Duerfir huet een op Malta decidéiert ze reagéieren. D'Politik wëll en neit, méi gréngt Mobilitéitskonzept entwéckelen. An dofir setzt een op Lëtzebuerger Expertise, mat Hëllef vun enger Entreprise, déi spezialiséiert ass op d'Mobilitéit an den Eco-responsabelen Transport.

De Choix ass op LuxMobility gefall. Eng Consulting-Firma, fir Malta ze hëllefen, hir national Strategie vun der nohalteger Mobilitéit ze iwwerdenken. D'Joanne Wirtz war an deem Kader schonn dräimol op Malta a geet och an e puer Wochen nees zeréck dohinner. E Projet, deen iwwer 2 Joer geet mam Zil, déi aktuell Situatioun ze analyséieren a Léisungen ze proposéieren, fir eng méi gréng, urban Mobilitéit.

Den Hollänner Patrick Van Egmond ass de Chef vun dëser Entreprise, déi 6 Mataarbechter huet. Seng Ekipp huet schonn ee regionale Plang fir Malta ausgeschafft. De Projet deen EU-finanzéiert ass, huet am Dezember 2022 ugefaangen a geet bis Enn des Jores. Malta huet all Interêt dorunner, sech u Lëtzebuerg ze inspiréieren, well béid Länner villes gemeinsam hunn: "Déi zwee Länner hunn net vill Awunner, sinn awer mat vill Trafic geplot. Virun allem moies an owes an de Spëtzestonnen. Iwwerall schwätzt ee vun eisem Gratis-Transport. Eng Mesure, déi och op Malta agefouert gouf."

Malta proposéiert de Gratis-Ëffentlechen-Transport zanter Oktober 2022. Anescht wéi hei am Land kënnen awer nëmmen hir Leit dovunner profitéieren. Malta huet 542.000 Awunner an ass dat Land an der EU, dat am dichtste bevëlkert ass. Seng Populatioun huet sech bannent engem Joerhonnert verduebelt. Zielt een och nach d'Touristen dobäi, da kann ee sech den Trafic op de malteesesche Stroosse scho virstellen. De Bus ass op Malta dat eenzegt ëffentlecht Transportmëttel. D'Land ass aachtmol méi kleng wéi Lëtzebuerg. D'Plaz ass also limitéiert fir déi national Mobilitéit ze iwwerdenken.

Op Malta sinn d'Verkéiersaccidenter bannent engem Joer ëm 18 Prozent eropgaangen. D'Lëtzebuerger Entreprise iwwerleet sech e Konzept fir Foussgängerzonen a Vëlospisten ze kreéieren an och de Carsharing ze developpéieren. Doriwwer eraus soll de Bus méi dacks fueren. Dëse Plang gouf an Zesummenaarbecht mam Transportministère an "Transport Malta" ausgeschafft. Eng Entreprise, déi den Transport op der Insel reegelt.

"Ech mengen, dass et intressant ass, mat LuxMobility zesummenzeschaffen, fir eis Ziler ze erreechen. Duerch hir Erfarung kënne se analyséieren, wat mer maachen, wat mer kënne besser maachen an och nei Iddie proposéieren, un déi mer net geduecht hätten. Si loossen eis anescht denken an dat hëlleft eis immens vill.", sou de President vun Transport Malta, de Michael Callus.

Schonn 2030 soll ee sech op Malta anescht fortbeweege kënnen. Fir de ganze System vun der stättescher Mobilitéit op Malta ze iwwerdenken, setzt d'Lëtzebuerger Entreprise op lokale Knowhow. E lokalen Architektebüro ass op den urbanen Design spezialiséiert an hëlleft bei der Realisatioun vum Projet. Den Antoine Zammit ass de Chef vun dëser malteesescher Entreprise. All Woch huet e Visio-Konferenze mat Lëtzebuerg, fir an dësem Projet weider ze kommen an d'Deadline ze respektéieren. Hir Aarbecht op Malta an zu Lëtzebuerg ass komplementar. Op Malta moossen den Antoine a seng Ekipp den Trafic. Si zielen d'Foussgänger, Cyclisten a wéi vill Leit d'Parkinge benotzen. Dës Donnéeë ginn dann op Lëtzebuerg geschéckt.

No der Analys proposéiert dem Patrick van Egmond seng Ekipp zu Lëtzebuerg innovativ Léisungen, déi un d'Realitéit op Malta ugepasst sinn: "Mir hunn iwwerall op der Welt Projeten. Tierkei, Spuenien, op Malta... Mir sinn eng kleng Ekipp zu Lëtzebuerg a well mer u komplexe Projete schaffen, brauche mer och lokal Partner. Nieft der Expertis kenne si och de lokale Kontext.", sou den Direkter vu LuxMobility.

D'Ekipp vum Patrick kënnt an e puer Wochen extra vu Lëtzebuerg hei op Malta an d'Büroe vum Antoine fir hinnen déi 4 lescht regional Mobilitéitspläng ze weisen, déi nach musse geliwwert ginn. "Et ass e kontinuéierlechen Dialog. Mir musse sécher sinn, dass eis Objektiver kloer definéiert sinn an evaluéieren déi all Woch. Esou kënne mer de Mobilitéitsplang Enn des Joers finaliséieren.", sou den Antoine Zammit, Architekt vum malteeseschen Architektebüro Studjurban. D'Lëtzebuerger Entreprise ass déi éischt mat där hien zesummeschafft: "LuxMobility bréngt hir international Erfarung mat eran a beräichert d'Wësse vu jidderengem. Et ass intressant, well wann een op sengem Territoire schafft, dann huet een Tendenz ze mengen, seng Problemer géifen et nëmme bei sech ginn. Mä a Wierklechkeet realiséiert een, dass säi malteesesche Problem een universellen ass."

An Europa gëtt den Auto ëmmer méi benotzt. 2022 goufe knapps 252 Milliounen Autoen an der Europäescher Unioun gezielt. Dëst ass eng Hausse vu bal 14% bannent 10 Joer. Ee Phänomen, deen et och op Malta an zu Lëtzebuerg gëtt. Déi klengste Länner an der EU wëllen hiert Wëssen austauschen an zesummeschaffen, fir déi aktuell Challengen unzegoen.

Mat Lëtzebuerger Hëllef: Malta wëll en nohaltegt Mobilitéitskonzept entwéckelen (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Allyn Kozey

Last Updated:

Views: 6271

Rating: 4.2 / 5 (43 voted)

Reviews: 90% of readers found this page helpful

Author information

Name: Allyn Kozey

Birthday: 1993-12-21

Address: Suite 454 40343 Larson Union, Port Melia, TX 16164

Phone: +2456904400762

Job: Investor Administrator

Hobby: Sketching, Puzzles, Pet, Mountaineering, Skydiving, Dowsing, Sports

Introduction: My name is Allyn Kozey, I am a outstanding, colorful, adventurous, encouraging, zealous, tender, helpful person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.